Hobby'ART Konschtausstellung zu Péiteng
um weitere Bilder zu sehen.
Vum 22. bis den 24. November 2024 war zu Péiteng an der Maison de la Culture a Rousen eng Biller a Skulpturenausstellung wou 14 Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl ausgestallt hunn.
Um Vernissage den 21. November huet de Vizepresident Jacques Schwachtgen vum Péitenger Syndicat d'Initiative et de Tourisme déi zahlräich Visiteure begréisst an de Kënschtler fir dës schéin Ausstellung gratuléiert. D'Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl Eliane Lothritz, huet dem Syndikat Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an d'Organisatioun, sou wéi och der Gemeng, vertrueden duerch Madame Raymonde Conter, den Nico Barnabo an den Éierebuergermeeschter Roger Klein.
Ausgestallt hunn Monique Bintz, Maggy Ferron-Kugener, Raymonde Holz-Brochmann, Jos Johanns, Elay Karakurt, Hsuan Chih Lee, Bruno Lopes, Eliane Lothritz, Aline Philippart, Fernand Putz, Pascalle Ryder, Guy Michel Scholtes, Marie Sierra, Sophie Wolff.
Weider Fotoen fannt dir bei op der Internetsäit vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl www.hobbykl.lu an der Fotosgalerie.