Eng Spillplaz fir kriibskrank Kanner

Dëser Deeg konnt de Schäffen- a Gemengerot vu Groussbus-Wal der Associatioun "Military Veterans Luxembourg" e Cheque an Héicht vun 3.238,50 € iwwerreechen. Dësen Erléis staamt vun de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag, a fléisst integral an de Projet vun enger Spillplaz fir d'Fondatioun "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" zu Béiwen/Attert.