Grillfest vun de Freizeitfrënn Groussbus

D'Freizeitfrënn Groussbus hate beim Porsall op hiert Schnupper-Grillfest invitéiert, a bei summerlechem Wieder waren och eng ganz Rei Leit dëser Invitatioun nokomm. Am klénge Bistro vun der aler Post ass beim Pättche gepotert oder eng mat der Kaart gedrummt ginn; dobaussen hunn Damme vum Veräin mam Zaloten- an Dessertsbuffet, souwéi d'Grillmeeschtere fir dat leiwlicht Wuel gesuergt.