Scheck Iwwerreechung vum Interesseveräin Kéiber

Dem Präsident vum Kéiber Interesseveräin Marc Daemen mat senger Ekipp war et eng grouss Freed de Vertrieder vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) e Scheck vun 2.000 € z’iwwerreechen. D'ASA Vertrieder verwenden dës Gelder an d’Ausbildung vun Assistenzhënn, woubäi d’Uschafungs- an d’Ausbildungs-Käschte fir een Honn vun der Rass Golden Retriever sech iwwert 17.000 € belafen.

Mat konkrete Beispiller konnten si weisen, wéi sënnvoll dës Hënn herno an deene verschiddenste sozialen Ariichtungen agesat ginn, an deene Betraffenen vill Freed maachen.

Dës Zomm war gréisstendeels den Erléis vun der rezenter Editioun vun den 12 Stonne Vëlo Kéiber, déi am September 2024 erëm e grousse Succès war, a wou eng ganz Rei Ekippen an Eenzelfuerer zesumme mam Luc um Klapprad hier Ronnen duerch a ronderëm Kéiber gedréint hunn. Di nächst Editioun ass och scho geplangt fir Samsdes, den 20. September 2025.