Heeckelen fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Lia Bleser huet a sengem Liewe puer grouss Passiounen an eng dovunner ass heekelen. D'Lia huet esou zanter enger geraumer Zäit säi Site Bärchis wou ee ganz flott Handaarbechten vun him fënnt. Et war dem Lia wichteg op een Thema opmierksam ze maachen dat an eiser Gesellschaft éischter net esou gären diskutéiert gëtt. Wann Kanner mat Kriibs an Traitement ginn an dann eng Chemo musse kréien, verléieren si hir Hoer wat ëmmer schlëmm ass, sief dat fir een Erwuessene mee em esou méi schlëmm bei Kanner. An esou ass et komm dass Prinzessinnen aus dem Walt Disney geheeckelt gi sinn ouni Hoer, si awer eng Perréck hunn déi un an ausgedoe ka ginn. Dës Prinzessinnen si fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent ginn déi och am edukative Kader genotzt ginn. Bei där flotter a wichteger Spendenaktioun huet d'Lia Bleser net nëmmen d'Prinzessinne gespent mee och nach d'Kollekt vum Verkaf , an esou konnt ee Scheck an Héicht 424.-€ un d'Fondatioun iwwerreecht ginn.