1monthfree

Vereedegung vum neie Conseiller Vincent Nothum


Vereedegung vum neie Conseiller Vincent Nothum


Nodeems den Här Yves Fiorelli an der Gemengerotssitzung vum 13.12.2024 ugekënnegt hat seng Demissioun als Gemengeconseiller anzereechen ass den Nächstgewielte vun der LSAP-Lëscht, den Här Vincent Nothum, de 6.01.2025 a Präsenz vum Schäffenrot vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch vereedegt ginn.


De Vincent Nothum ass 1978 zu Diddeleng op d’Welt komm an ass vu Beruff Schoulmeeschter. Deemno leit et him op der Hand, dat hien sech besonnesch fir den Enseignement an d’Jugend well asetzen an net ze vergiessen de Sport.


Mir wënschen dem Vincent Nothum eng glécklech Hand bei der Ausübung vu sengem Mandat.