1monthfree

Grouss Fréijoersbotz 2025 zu Schëffleng

Den 22. Mäerz 2025 gouf zu Schëffleng nees drop lass gebotzt!


Zesumme mat der Ëmweltkommissioun huet d’Gemeng Schëffleng en Opruff gemaach, deem nawell vill Leit nokomm waren. Ganzer 100 Persounen hunn sech um Parking vum Hall Polyvalent mat Picken, Händschen, Gileten an Tuten ekipéiert a sinn dunn a klenge Gruppen duerch d’Duerf Knascht oprafe gaangen.


D’Participant·inn·en, dorënner och vill Kanner, d’Jugendpompjeeën, d’Jugendhaus awer och Memberen aus dem Gemengerot an aus verschiddene Kommissiounen, waren um Start an hunn d’Trottoiren, d’Bësch- an d’Vëlosweeër sou gutt wéi méiglech propper gemaach.


Zum Schluss gouf de ganzen Offall am Gemengenatelier gesammelt, wou een sech och mat enger gudder Lasagne konnt stäerken.


E grousse Merci un all kleng a grouss Hand fir d’Hëllef.