100 Joer – Dat muss ee feieren!
D’Marie-Françoise Delrez, säit hirer Kandheet Mayou genannt, ass de 24. Mäerz 1925 zu Verviers an der Belsch gebuer. Fir hiren 100. Gebuertsdag hunn sech d’Gemeng Schëffleng, de Familljeminister, d’Seniorekommissioun, e puer Verwandten a Mataarbechter·innen vum Fleegeheem „Am Schmëttbësch“ fir dës feierlech Occasioun versammelt.
D’Evenement huet an enger flotter Atmosphär stattfonnt, gefëllt mat Laachen, Geschichte vu fréier a Kaddoen. Besonnesch begeeschtert war d‘Mayou iwwert déi wonnerschéi Blummen, de Schockela, d‘Petzien, souwéi d’Médaille de Mérite, déi de Minister Hahn hir am Numm vum S.A.R. de Grand-Duc ugespéngelt huet.
D‘Mayou kënnt aus enger biergerlecher Famill an hir Jugend war gepräägt vu Musek an Textilien. Hire Papp hat eng grouss Stofffabrik déier hir Woll fir den Adel an England exportéiert gouf. Och d’Musek, a virun allem d’Oper, hat ëmmer eng wichteg Plaz am Mayou hirem Liewe. Hire Grousspapp, den Här Jean Fassin, war e renomméierten Tenor an der Belsch an a Frankräich. Der Mayou hir Mamm huet als „Habilleuse“ am Theater geschafft. Et war also nëmmen natierlech datt d‘Mayou eng Passioun fir Operetten an Oper entwéckelt huet an doraus eng Carrière gemaach huet. Si huet an Operetten an der Belsch, a Frankräich an zu Monaco gesongen.
Wat ass der Mayou hiert Geheimnis fir e laangt Liewen? Dat gouf d‘Mayou virun 10 Joer gefrot, wéi Si hiren 90. Gebuertsdag gefeiert huet an op déi Fro huet Si Follgendes geäntwert: All Dag e puer Glieser wäisse Wäin, awer ni viru Mëtteg!