Muttergottesfeier op dem 15. August zu Rippweiler

Eng schéi Muttergottesfeier op dem 15. August zu Rippweiler (Par Atertdall Sainte-Claire) bei der Grotte, mat Liichterprëssioun eroof an d'Kierch.
Vill Leit, grouss a kleng, waren mat de Prëssiounen vun Useldéng, Schandel an Iewerleng op Rippweiler komm, fir do d'helleg Mass bei der Grotte matzefeieren.
E grousse Merci den Organisateuren,
an der Jugend fir Gegrilltes a Getrénks nom Segen an der Kierch!


(Fotoen Betty Heimermann & Text : Jean-Jacques Flammang )