10. Konscht-an Hobbymaart zu Nidderpallen

Och dëst Joer hunn erëm vill Leit de Wee bis op den 10. Konscht-an Hobbymaart op Nidderpallen fonnt a konnte bei schéinste Wieder e gemittlechen Tuer iwwert de Maart maachen a sech erëm vun der Kreativitéit an dem wonnerbarem Konschthandwierk vun den 89 verschiddenen Aussteller iwwerzeegen.

Encadréiert mat gudder Musik duerch den Duo Wa-Ta Touille an der Foulschter Strëpp konnten d’Besicher a schéinster Atmosphär e gudde Patt drénken an eppes iessen, dëst organiséiert vum Nidderpallener Gesanksveräin deen sech mat Freed drëms gekëmmert huet.