den Nidderpallener Gesank hat hiert Merciiessen mat schéck iwwerrechung
um weitere Bilder zu sehen.
E Sonndeg, den 10.11.24 hat den Nidderpallener Gesank hirt Merciiessen fir déi Leit, déi den 1.Mee 24 um Konscht-an Hobbymaart gehollef hunn. An dem Kader huet de President Freddy Sangers e Scheck an Héicht vun 3.000 € un d’Stroossenengelen asbl iwwerreecht.
De President Luc Lauer huet e warme Merci gesot an d’ ASBL virgestallt. Hien huet drop higewisen, dass si benevol schaffen, ausschliesslich mat Spende funktionéieren an zu kenger anerer Organisatioun derzou gehéieren.
Säit 7 Joer sinn d’Stroosenengelen eng Asbl an hei am Land op der Strooss ënnerwee fir géint d’Armut ze kämpfen, déi ëmmer méi grouss gëtt. Si versuergen arem Leit, deels op der Strooss, Familljen, Monoparentalen a Leit déi ënnert d’Altersarmut gefall sinn. All hunn si zevill fir staatlech Hëllefen ze kréien an awer net genuch fir würdeg kënnen ze liewen. Aktuell betreie si 400 Familljen, Tendenz steigend an dat iwwert d’ganzt Land.
Fir kënnen ze hëllefen hu si en Antigaspiprojet fir sozialen Zweck op d’Been gesat, kréien Ennerstëtzung duerch Leit iwwert Wiedereingliederungsmossnahmen an bei hinne könne Leit hir Sozialstonnen ofschaffen.
Den Här Lauer huet ofgeschloss mat de Wierder: “Mir sinn do a mir bleiwen”.
De Nidderpallener Gesank ass frou si e bëssen dobei ze ënnerstëtzen