Generalversammlung Dëschtennis „Centre Européen Weimershof “

Saison 2023/24 mat gudde Resultater

De President Gino Sousa Santos, huet d'‘Membere vum Dëschtennis „Centre Européen Weimershof “ begréisst a Merci gesot fir hir Präsens an der Generalversammlung. Mercien och un de Spiller a Spillerinnen an Trainer, fir hiren Asaz, der Gemeng fir all Ënnerstëtzung, fir en normalen Oflaf vun Training a Match ze garantéieren. E grousse Merci un de Comité, wou an der vergaangener Saison, vill Engagement erfuerdert war fir eng uerdentlech Gestioun ze garantéieren. Fir d’Zukunft gesäit et gutt aus, awer jidderee muss matschaffen, well Aarbecht gëtt et genuch. E spezielle Merci, mat engem Bouquet, fir d’Sekretärin, Simone Kintzelé- Majerus, déi vill engagéiert war mat der Gestioun vun Informatiounen am Veräin, ewéi och mat der Federatioun. Nom Applaus vun de Memberen, huet d’Sekretärin de Rapport vun der leschter Generalversammlung fir gedroen an uschléissend iwwert déi vergaange Saison informéiert. Cadet ewéi och d'Seniorsequippe waren am Asaz an hu mat gudde Resultater d’Saison erfollegräich ofgeschloss. Op villen Tournoien dorëmmer, waren en etlech Spiller am Asaz, a konnte wonnerbar Resultater virweisen. Erfreelech ass, dass e puer nei aktiv Memberen sech engagéiert hunn, an esou fir déi nei Saison eng weider Seniorsequipe konnt ugemellt ginn. Fir d’Saison 24/25 sinn also eng Cadetequip a 4 Seniorsequippen am Asaz. De Keessjee Toni Matos konnt nach en equilibréierte Bilan mat engem klenge Minus vun der Keess presentéieren.Well awer verschidden d’Käschte klammen huet hien eng Erhéijung vun den Aktive Memberskaarte gefrot, déi och accordéiert gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keesebericht per acclamatioun ugeholl. En Deel vum Comité gouf nei bestätegt ewéi och d’Keeserevisoren. An der fräier Aussprooch waren nach e puer intressant Froen awer och gutt Rotschléi fir och an der Zukunft en erfollegräichen Oflaf am Training an am Championnat ze garantéieren.