Generalversammlung Clausen an Neiduerf-Weimeschhaffer Musek

De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, Marc Angel, huet d‘Memberen vun deenen zwou Museken, souwéi och den André Heinen, President vun der UGDA an och President vun der Clausener Musek, an den Här Schammo Jean vun der UGDA, begréisst a Merci gesot fir hir Präsens zur Generalversammlung . Uschléissend eng Gedenkminutt fir déi Verstuerwe Memberen vun der Musek. Et goung weider mat Mercien un d’Musikanten, dem Comité, fir hiren Asaz wärend dem vergaangene Joer. E spezielle Merci war fir de Chef, Jean Marie Thein, dee spontan agesprongen ass well de fréiere Chef kuerzfristeg virun der Summervakanz seng Demissioun ginn huet. D’Sekretärin, Joelle Flammang, huet mat engem klenge Resumé vun der leschter Generalversammlung ugefaang an uschléissend den Aktivitéitsbericht vum vergaangene Joer virgedroen. Verschidde Concerten fir dëst Joer stinn och scho fest. 1. Juni „Concert am Gaart“ vum Comité Alstad; Nopeschfest um Kiem an den traditionelle Concert fir de "Belschen Nationalfeierdag“ op der Plëss. Donieft nach déi verschidden Hämmelsmärsch a Clausen, Kiem, Neiduerf an um Weimeschhaff. Den Traditionelle Mammendagsconcert op der Plëss fält dëst Joer leider aus wéinst den Europawalen. An der Keess konnt en equilibréierte Bilan vun de Keessjéeen, Peggy Haag an André Heinen, presentéiert ginn , deen duerch de Keesserevisor Claude Hornick bestätegt gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keessebericht per acclamatioun ugeholl an d’Keessereviseuren, Guy Grosber a Claude Hornick fir e weidert Joer bestätegt. Am Comité ännert sech näischt. Verschidde Memberen kruten eng Medaile.

USMVL: Spéngel 10 Joer: Theisen Lio. Medaile 25. Joer: Philip Lee an Daniel Ribeiro. Medaile 35 Joer: Haag Gilles
UGDA. Insigne 5 Joer: Diane Le Falher; Sebastien Zentay; Yonn Guenassia ; Jonathan Pecero; Yannick Kita . Mérite en vermeille 30 Joer: Paul Scholler. Vermeille Grand-Duc Adolphe avec palmette 70 Joer: Pierre Haag.

Den Här Schammo huet am Numm vun der UGDA, deene geéierten hir Gléckwënsch presentéiert an deenen zwou Museken, Mercie gesot, fir hiren Asaz a fir d’Zukunft nëmmen dat Bescht gewënscht. Mat engem Éierewäin ass dës Generalversammlung Ofgeschloss ginn. Weider Infoen op www.fofa.lu