Frëndschaftsdag Lidderuucht Lëtzebuerg

Ofschlossfeier 40 Joer Lidderuucht

Ugefaangen haten d’Feierlechkeete vun de 40 Joer den 1. Abrëll mat enger Gedenkmass an duerno engem Galaconcert, aner Concerte koumen nach no. Den Ofschloss vu 40 Joer Lidderuucht war zu Hollerech am Centre Culturel mat engem Frëndschaftsdag deen e groussen Erfolleg war. Als Optakt war en Apéritifconcert vun SMAL(Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg) ënnert der Direktioun vum Romain Kraus. Mat Lëtzebuerger Lidder hunn si eng flott Stëmmung opgebaut, déi ee mam Apero konnt richteg genéisse bis et op de Kascht lass goung. Choucroute garnie oder Lasagna végétarienne stoungen um Menu an iwwer 160 Leit hunn dovunner profitéiert. Uschléissend war Italien ugesot mat engem Concert „Bella Italia“ mam Chouer „Chorus“ ënnert der Direktioun vum Claude Reckinger. Bekannte Melodien hunn zum Dreemen an deelweis zum matsangen ugereegt. Vun Italien zréck op Lëtzebuerg mat den Dänzer „Vallée des sept château“ an der Lidderuucht. Danzen a sange stoung elo um Programm an dat ënnert der Direktioun an Animatioun vum Claude Hornick. Lëtzebuerger Lidder a Volleksdänz hunn sech ofgeléist a goufen och deelweis zesumme presentéiert. Et koum eng richteg Volleksstëmmung op mat zesumme sangen awer och mat danze bei verschiddenen Volleksdänz. Ausklénge gelooss gouf de Frëndschaftsdag mat engem “Thé Dansant“, ënnert musikalescher Animatioun vum Jeannot Konter a Marcello Fiore. 40 Joer Lidderuucht hu mer an engem Buch festgehal, an dat kann ee bei ons bestellen. All Informatioune vum Buch an Andréck vun onse Feierlechkeete sinn op onsem Site. www.lidderuucht.lu