D'Grillfest mat strahlender Sonn vum Himmel an Sonn am Häerz

Ënnert dem Motto, Respekt, frou sinn, an d’Sonn am Häerz war um Belair bei schéinem Wieder an der grousser Wiss ënner Äppelbeem, dat järlecht Summerfest. Déi zentral Plaz gouf bewosst vum Organisator Noel de la Rue gewielt. Et ass kee Fest an engem Eck iergendwou. D'Aarmut sollt sech deen Dag net brauchen ze verstoppen. Jidderee konnt deelhuelen, ob Grouss oder Kleng, egal wou d’Persoun gebuer ass.

Mat Live Musek, Mole fir d’Kanner a gratis Iessen a Gedrénks, hunn d’Clienten sech verwinne gelooss. D’Benevollen haten eng Vielfallt vun Zaloten offréiert, déi bei dem Gegrillten gutt geschmaacht hunn. Vun der Equipe Mady, frësch, sur place gebaken Eisekuchen, mat Schlagsan an Äerdbier oder en Uebst si wéi „Zocker“ gefrot ginn. Di ganz vill Leit konnten sech einfach e puer Stonne gutt fillen an hunn net brauchen u Geld ze denken. Mat vill Dankbarkeet a froue Gesiichter hunn am spéiden Nomëtteg d’Leit de Benevollen vun Noel de la Rue Äddie gesod.