1monthfree

Merci un d'Gemengepersonal

"D’Gemengepersonal vu Stroossen huet sech d'Fro gestallt, firwat net un déi Schwächst vun deene Schwaachen ze denken. Si hunn op dem Wochemaart beim Centre Barblé e Stand organiséiert, wou d'Leit net nëmmen Informatioune kréie konnten, mee och d'Méiglechkeet haten, waarm Strëmp, Séissegkeeten oder Geld ze spenden. Op engem naassen Owend um Wochemaart hunn d’Anne Arend (Schäfferot Stroossen) an d’Miga Thill, representativ fir all Engagéiert a Spender, e stolze Scheck vun 1.000€, 2 Këschte Strëmp a Schneekegkeeten un de Léo Kraus vun Noël de la Rue iwwerreecht. Hien huet d’Aktivitéiten 2025, wéi d’Zoppverdeelung, e breetgefächerte Programm vum Mee bis Oktober am Kader vun der LUGA am Park Odendahl mat zwee Barbecuen, d’traditionell Chrëschtfeier, asw. virgestallt an sech häerzlechst bei deene Stroossener bedankt. „Heimat schenke mir hinnen eis Zäit a ginn hinnen d’Gefill, och während Momenter en Deel vun hire Suergen ze vergiessen,“ esou de Léo Kraus. An hie gëtt e Message un d'Leit am Zelt: „Haut de Nowend, wann Dir schlofe gitt, denkt eemol drun, dass vill Leit sech net an e waarm Bett kënne leeën.“