Bei engem gudde Maufel an der Briddeler Stuff hunn d’Musikantinnen a Musikante vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL) hir Patréinesch, d’Helleg Cæcilia, gefeiert.
A senger Usprooch huet de President Marc Thill festgestallt, datt d’Concerten an den Alters- a Fleegeheemer uechter d’Land ëmmer vill Freed maachen, well d’Leit eng flott Ofwiesslung gebuede kréien an esou e kuerzweilegen Nomëtteg verbréngen.
Et ass awer och d’Geleeënheet fir äifregen Akkordeoniste mat Gielercher Merci ze soe fir hiren onermiddlechen Asaz. Dëst Joer goufen et zwou “médailles de mérite en vermeil” fir 30 Joer Aktivitéit.
Et war dem Marc Thill an dem Patricia Kohnkow (UGDA) eng Freed fir dem Rosa Moreira Dos Reis Pinto an dem Brice Junius des Medaile vun der UGDA z’iwwerreechen.
Nom Dessert war et um Mher Mkrtchyan fir d’Gesellschaft mat Chansonen a klassesche Melodien z’ënnerhalen.
[accordeon.lu]