Am Oktober organiséiert d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg d’Journée de l’Accordéon
De President Marc Thill huet bei senger Begréissung an der Generalversammlung bemierkt, datt mir, d. h. déi aktiv Membere vun der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg (SMAL), mat gemëschte Gefiller zréck kucken op e Joer am Hibléck op dat, wat uechter d’Welt lass ass, awer och op dat, wat mir Akkordeonisten u Flottem an Trauregem erlieft hunn.
Den 10. Februar 2025 ass eise laangjärege Vize-President Fernand Buchholtz gestuerwen. Mat enger Gedenkminutt gouf säin Undenke geéiert.
Et ass eng Freed ze gesinn, datt nei Akkordeonistinnen an Akkordeonisten den Orchester vergréisseren. Aner Aktiver iwwerhuelen nei, zousätzlech Aufgaben : den Tom Conrad kënnt an de Comité, de Mher Mkrtchyan ass en neien Delegéierten an der UGDA. Zënter engem gudde Joer féiert de Mher d’Musekschoul vun der SMAL an hie léiert Jonker a manner Jonker op Akkordeon, Keyboard an Trompett. Aus dëser Musekschoul konnt d’SMAL bis elo 2 Akkordeoniste recrutéieren an et besteet d’Aussiicht, datt nach deen een oder aneren nokënnt.
Ier de Sekretär Romain Kraus (mat der Co-Sekretärin Eliane Weis) de Rapport iwwert d’Aktivitéitsjoer gemaach huet, war et him wichteg fir dem Guy Schmit an dem Danielle Ludwig extra Merci ze soen. De Guy bréngt d’ganzt Material fir akustesch Verstäerkung vun eise Concert-en mat a riicht et op an of. D’Danielle këmmert sech em d’Relatioune mat der Press an em d’Homepage vun der SMAL.
Am vergaangene Joer hate mer 39 Prouwen, 12 Concert-en, goungen, wéi all Joer zënter 1983, an der Iechternacher Sprangpressessioun mat, an hu mam Jenni an Tom Conrad-Boettel hir Hochzäit gefeiert. Den 1. Advent 2024 ware mer am Waldachtal (am Schwarzwald) a konnte mat engem flotte Concert an der Sankt-Agatha-Kirche zu Salzstetten begeeschteren.
Aus dem Rapport vum Keessier Brice Junius geet ervir, datt d’Finanze gesond sinn. Besonnesch Freed mécht de substantielle Subsid vun der Gemeng Lëtzebuerg. D’Keesskontrolleren Vic. Kolb an Hendrik van den Bulcke attestéieren och dës Kéier eng exemplaresch an akribesch Keesseféierung.
Eestëmmeg ginn d’Membere per Aklamatioun d’Decharge fir Sekretariat a Keess.
D’Monique Buchholtz-Feitler hat zesumme mam Fernand Buchholtz schonn ugangs vun dësem Joer d’Demissioun am Comité ginn. D’Monique kritt niewent engem Bouquet Blummen nach ee schéine Cadeau iwwerreecht fir him Merci ze soe fir säin Engagement an Devouement wärend all deene Joerzéngten. Op Propositioun vum President kritt d’Monique den Titel “Éirememberschaft op Liewenszäit”.
Am Ausbléck op d’Aktivitéiten an dësem Joer ass speziell op d’Participatioun an der Sprangpressessioun hinzeweisen, an op ee Stage vun 2 Deeg, wou och d’Akkordeons-Formatioune vu Menningen/Minden an Idesheim-Ittel-Hofweiler matmaachen. E grousse Rendez-vous wäert ausserdeem d’Organisatioun vun der Journée de l’Accordéon am Alen Tramsschapp um Lampertsbierg sinn (19.10.2025).
No der Upassung vun de Statute vun der SMAL un d’Gesetz iwwert d’Asbl. vum 7. August 2023 war nach Geleeënheet fir en Austausch iwwert divers Uleiesse vun de Musikantinnen a Musikanten.
D’Generalversammlung gouf dann ofgeschloss bei engem gudde Patt an engem delikate Maufel, deen d’Monique spendéiert huet.
Dem Tom Conrad seng Kandidatur fir de Comité gëtt eestëmmeg guttgeheescht. Domat setzt sech den neie Comité esou zesummen : Tom Conrad, Brice Junius, Romain Kraus, Guy Schmit, Marc Thill, Eliane Weis. Déi eenzel Charge ginn an der nächster Comités-Sitzung verdeelt.
D’SMAL empfielt sech, fir och op Ärem Fest oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweilegen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu