75 Joer Amicale des employés pensionnés d’ARBED Dudelange

De 24. Februar 1949 war Grënnungsversammlung vun der Amicale des employés pensionnés d’ARBED Dudelange mat 32 Leit am Hotel Prinz. Den éischte President war den Här Jean Marx. Sënn an Zweck vun der Amicale war an ass et no der laanger Zesummenaarbecht op eiser Schmelz sech och an der Pensioun bei de verschiddenen Aktivitéiten net aus den Aen ze verléieren. Op dësem Wee hu mer schonns vill schéi Momenter matenee verbruecht.

Viru kuerzem konnt d’Amicale hier 75 Joer-Bestoe feieren. 42 Membere goufe fir den Éierewäin op der Gemeng empfaangen. No der Begréissung vum President Jos Reuter huet de Schäffe René Manderscheit der Amicale gratuléiert dass si och no 75 Joer Bestoen nach esou aktiv ass.

Uschléissend gouf d’Generalversammlung gehal, an där den Aktivitéitsrapport esouwéi de Keeserapport vun 2023 estëmmech ugeholl gi sinn. Nei an de Comité ass d’Madamm Clemy Muller-Bassani komm, an den Här Jos Bausch verstäerkt d’Equipe vun de Keeserevisoren.

Um Programm vun dësem Joer sti bei der Amicale d‘Visite vun de Grottes de Han an dem Musée des Mines zu Rëmeleng grad ewéi eng Croisière um Rhône.