40 Joer Lidderuucht Lëtzebuerg

Galaconcert

Am Hollerecher Centre Culturel, war d’Suite vun de Feierlechkeete mat engem Galaconcert vun der Lidderuucht, an als Gaascht, d’Hollerecher Musek. Als Optakt war et d’Lidderuucht selwer, ënnert der Direktioun vum Claude Hornick, déi d’Publikum an déi richteg Stëmmung bruecht hu mat Lidder ewéi: Muerges fréi; Eng Rees mat der Eisebunn; Kättche, Kättche; Nu looss mer eent Sangen; Meng Freiesch; Hierzegt Kand; Fir wat soll ech mech net bestueden; T'Margréitchen; Beim Zonk; Spëtzebox; E Stéck vum Gléck an als Ofschloss de Feierwon. Et gouf mat Freed kräfteg matgesongen an nom Feierwon esou laang geklappt bis mat „ E schéinen Owend“ den éischten Deel zu Enn goung. Uschléissend huet d’Hollerecher Musek, ënnert der Direktioun vum Bastian Lorgé, fir eng besonnesch Ambiance gesuergt, wou d'Publikum och plazeweis matgesongen huet: Lëtz Marche; Musel-Liddchen; Op der Juegd: Op der Rull; Hymn of Hope; Iwwerall Doheem; Dammentour an Ënnerwee. Mat musikalesch „Fir de Gebuertsdag vill Gléck“ huet d’Musik, der Lidderuucht zu hirem 40 Gebuertsdag gratuléiert. Héichpunkt vum Owend war e gemeinsamen Optrëtt vun der Hollerecher Musek an der Lidderuucht, mat „Dicksy-Bichelchen“ an „Ech drénke gier mäi Pättchen“ wat mat engem Begeeschterungsvollen applaudéieren belount gouf. Den Ofschloss huet Lidderuucht gemaach mat engem musikaleschen „ Äddi bis geschwënn”well d’Feierlechkeete ginn nach weider mat Optrëtter duerch d’ganz Ländchen. Den Ofschloss vun de Feierlechkeeten ass den 13. Oktober mat engem Frëndschaftsdag am Centre Culturel zu Hollerech. Detailer iwwert d’Feierlechkeeten op www.lidderuucht.lu
Menni