Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen !

Den 8 . an 30 . Oktober woaren "d'Becheler Sänger" on Tour. Am Blannen Heem zu Bierschbech an am "Maredoc" zu Heeschdref hun si Bewunner a Frënn mat hiere flotte Lëtzebuerger Lidder erfreet. Mat Piano Begleedung vum Pier Rech a Léo Müller ënner der Leedung vum Jean Kandel hu si d'Säll voll Stëmmung bruecht. Mam Veräins- Lidd : "Mir si vum Becheler d'Sänger" an "Ech si fein eraus, ech hunn d'Pensoun" Weis a Wierder vum Jean Kandel, hu mir eis virgestallt an eis Astellung zu der Lëtzebuerger Kultur ausgedréckt. All Leit am Sall hunn awer och hir Begeeschterung bewisen bei "Dicksiana' – "Kättche Kättchen" - "Den Téiwesbuer" oder "d'Hechtercher aus der Stad" an hun aus vollem Häerz a Long matgesongen. Mam Refrain "Fir de Gebuertsdag vill Gléck" hu mir am Maredoc de Gebuertsdags-Kanner all Guddes gewënscht an hunn an deenen zwee Haiser nach ee gemitleche Moment bei Kaffi a Kuch verbruecht. Esou hu mir eise Pefferkäer zur Erhalung vun eiser Mamme - Sprooch an deene schéine Lëtzebuerger Lidder bäigedroen !