„Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen“ !
um weitere Bilder zu sehen.
Ee Kulturschaz deen ëmmer méi erëm gesicht an och archivéiert gëtt, vum Land, Gemengen, Veräiner ma och vu Privatleit fir Familgenerliewnësser nei opliewen ze loossen.
Traditiounen a Bräicher woaren an de 50er Joren nach héich am Kurs. Liichtmesdag mam Lidd „Léiwer Häergotts Bliesschen“ an „Ech sinn dee klenge Kinék“ hu mir bei all Haus vu vier bis zum Enn gesongen. Nom Klibberen (mat der „Kiep“, der „Jarr“ oder dem „Himmerchen“) woar „d’Ouschtereeërophiewen“ um Programm an do gouf dann den „Dick dick dak, muer ass Ouschterdag“ aus voller Broscht duerch d’Gaasse gesongen.
Gesank ass awer scho seit jéngstem Alter mäin Alldag. Knapps dat ee schwätze konnt, hu mir alles mat gesongen, wat de Papp an d’Monniën gesongen hunn, ma och ass kee Familljefest ouni Gesank ofgeschloss ginn. Ee groussen Deel vun deene Lidder woren a kenge Bicher an et huet een se vu Mond zu Ouer geléiert. Schon deemools hat ech ee Fimmel fir déi Lidder déi de Papp mat de Monniën gesongen huet, a well et der esou vill woaren hun ech dun d’Wierder opgeschriwwen. Dobäi koume jo och nach déi, déi een op Placken ze kafe krut, wann och rar, ma ëmmerhin. Duerfir hate mir ee klengen Trick: Mir souzen zu véier ëm den Dësch an hu Lidder-texter opgeschriwwen déi vum Plakkespiller erklongen sinn. Een nom aneren ee Saz a wann d’Lidd fäerdeg woar da sinn d’Blierder ausgetosch ginn a bei engem zweeten Duerchlaf ass verbessert ginn wou et néideg woar an dann ass dat ganzt propper an een Heft geschriwwe ginn. Ech hu se fir mech an ee klengt Notizheft geschriwwen dat ech ëmmer bei mir hat, bei Ausflig oder Campinger an hunn et bis haut versuergt. Ech woar och ni ze schei fir emol dat eent oder anert vierzedroen. „Tubaksballade“ - „den Décken Heng“ - „d’Anekättchen“ - „de Stoussnéckel“, an nach esellechen anerer, eent méi flott a lëschteg wéi dat anert.
Mat 12 Joer krut ech eng Okkasiounsschreifmaschinn (déi ech aus Nosthalgie bis haut versuergt hunn) an hunn dunn all Liddertexter déi ech font hunn an der „zwee-Fanger Technik“ op "kartonnéiert" Blieder getippt. Haut ginn um Computer via Scanner, Fotokorrektur- a Musiksprogramm déi schlechste Partituren zu engem gudd lieserlech a brauchbaren Dokument ëmgewandelt. Fréier woar dat nun eben Handaarbecht an dobäi och dacks ganz konschträich gestallte Wierker. Esou gëtt all Lêtzebuerger Lidd archivéiert, an och nees opliewe gelooss, eng grous Beräicherung fir eise Kulturpatrimoine.
Dee lëtzebuerger Lidder Interessi hunn ech och iwwerall agesat, net nëmmen a Veräiner, ma och op Aarbechtsplazen. An de Joren 1976 bis 2000 wor dat bei enger Firma, wou ech och als Personaldelegéierten agesaat woar, a wou ech mat zwee Aarbechtskolleegen, ee Sänger an ee Guitarespiller, dichteg matgehollef hun, Personalfeieren, an Chrëscht-Party (déi ech selwer organiséiert hun) ze animéieren an déi ganz Band, bis zum Direkter, matzerappen. Do ass dann och ee Lidderbuch enstanen, mat 50 Texter, dat bei all deene Fester derbäi woar, esou hat keen d’Uersaach: “Ech wosst d’Wierder net méi!“ an et ass ëmmer lëschteg zougaang an d’Personal koum sech méi no. Den Zinikleeschen (sot kengem et, ma dat woar ech) koum och all Joer, mat der Päerdskutsch, bei d’Kanner vum Personal, déi dann och all häerzhaft eis schéin Nikloslidder matgesongen hunn, duerfir krut och keen eng Rutt vum Housécker.
Seit ech pensionnéiert sinn, hunn ech mech méi intensiv mat dem Archiv vu Lëtzebuerger Lidder ofginn. Bis haut hunn ech zirka 4700 Lidder Partituren zesummegedroen.
Eemol am Mount si mir am Clubhaus "am Becheler" zu Bereldéng, eng 20 Sänger-innen zesummen a sange Lëtzebuerger Lidder, wéi "Dicksiana" ee Potpourri vun 10 Dicks-Lidder déi de Gust Kahnt an ee ganzt Wierk zesummegesat huet. Ma och, ettlech Joer, Lëtzebuerger Muttergotteslidder an der Octavmass fir déi "Härzopperéiert" an Lëtzebuerger Chrëschtlidder op der Adventsfeier am "Becheler" an eselleche Concerten an CIPAën uechtert d’Land. Leider awer koum duerno eng Paus wéint der Corona-Plo.
Nom Leedwuert: "Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen" sichen ech däer och wieder, besonnesch awer Regional- oder fir speziell Geleeënheeten geschriwwe Lidder. Och Théaterstécker, well grad doraus hu mir ee grousse Lidderschaz, denke mir nëmmen un dem Dicks seng „Koméidistécker“ a vill anerer. Leider geet och villes dovu verluer wann et net iergendwou archivéiert gëtt.
A fir een Deel dovun ënner d’Leit ze bréngen, hunn ech 2 Lidderbicher erausginn, mat 45 a 50 däer flotter aler Lidder déi bis dato a kenge Bicher woaren, an elo een drëtte Band mat 53 eegen Gedichter a Lidder !.
Wëllt dir eppes iwwer eis schéin al Lidder wëssen oder sicht dir däer, da meld iech :
jeankandel@pt.lu oder : 621 665 212