Jo de Stand vun der Actioun Lëtzebuergesch woar vill besicht an et hunn der och vill un eisem Concours deelgeholl, vill Gléck fir ee Präis !
Ma och am Lëtzebuerger Lidderarchiv hunn der vill sech ëmgekuckt an sech déi flott Bicher mat 95 ale Lidder déi bis elo nach a kengem Buch ze fannen woaren, besuergt. Ma och dat neit Buch mat flotte Lëtzebuerger Gedichter a Lidder vum Kandel’s Jang vu Mamer hat vill Interessi fond.
Wann dir net op de Bicherdeeg waart an déi Bicher iech awer interesséieren da frot roueg iwwer mail an dir kritt se geliwwert oder per Post geschéckt. 20 € de Band oder déi 3 fir 50 €. Eis „Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen“ , no deem Moto setzen ech alles a Beweegung fir dat se erhale bleiwen. Wann dir ee bestëmmtent Lidd sicht, da frot roueg, villäicht ass et a mengem Archiv vun 4700 Lëtzebuerger Partituren an da kritt dir gäeren eng Copie gratis iwwer mail.
Vill Freed mat eise Lëtzebuerger Lidder, déi droen ee groussen Deel zu eisem Kultuerparimoine bäi an hëlleft och eis Sprooch méi flott a lëschteg ze léieren an ze perfektionéieren.
Fir wieder Info : jeankandel@pt.lu