Den Nanquette Heng ass dout (28.01.1943 – 11.07.2024)

Eisem fréiere Buergermeeschter, dem Henri Nanquette vun der Stauséigemeng ee leschten Äddi a Merci op sengem Wee an d’Éiwegkeet.


Den Henri Nanquette huet eis am Alter vun 81 Joer, den 11.Juli 2024 fir ëmmer op dëser Welt verlooss. Mat him geet e Stéck Eeschpelt an och e Stéck vun eiser Gemeng mat an d’Éiwegkeet. Natierlech trauere ganz besonnesch seng Fra, d’Maeve, seng Kanner, d’Claire, d’Fiona, de René an seng Enkelkanner ëmm't hien. Mee och wann hien elo nik méi do ass, lieft hien an eisen Häerzer, an eiser Erënnerung weider.

Dem Heng säi Liewenslaf war vu Spannung kaum ze iwwerbidden. Besonnesch um politeschem Plang hat hien sech virbildlech fir eis Gemeng abruecht. Well 1972 konnt den Heng nom Dout vu sengem Stéifpapp an deemolege Buergermeeschter vun der Hareler Gemeng (Harel, Eeschpelt a Walter), de Jules Nanquette, d‘Relève iwwerhuelen a gouf mat 29 Joer deemools de jéngste Buergermeeschter zu Lëtzebuerg (11/04/1972).


Mee well den 12. Juni 1975 huet den Heng seng Demissioun als Buergermeeschter ginn, well dat geplangte Vakanzenduerf zu Harel um Bierg keng Majoritéit am Conseil krut huet. Och dat wor den Heng, konsequent a sengem Handelen. Duerno gouf den Heng erëm Buergermeeschter vum 1. Januar 1976, an dat bis den 31. Dezember 1987 vun der Hareler, respektiv der Stauséigemeng.


Den Heng hat seng Legdt gär, hie wousst ëm d’Suerge vu senge Bierger a konnt sech och um nationalem Parcours beweisen. Sou datt hien 1979, no de Landeswale fir d’CSV als Deputéierten an d’Chamber konnt noréckelen. Dräimol wor hie Kandidat op der CSV- Nordlëscht (1974, 1979, 1984) a spéider ass hie mam ADR mat an d’Wale gaang (1994). Mam Heng an em den Heng wor et ni langweileg, op hien ass gelauschtert ginn, an huet och mol eng Kritik ubruecht, wann et dorunner wor.


An de 70er Jore gouf vum deemolegen Innenminister Jos Wohlfahrt am Kontext vun de Gemengefusiounen en Eenheetsschema präsentéiert, an durich d’Land sollt sech Gemengelandschaft hallwéieren. D’Gemengen ëm de Stauséi (Harel, Mecher, Esch-Sauer, Ningsen a Bauschelt) sollten sech nom Schema zesumme schléissen. Et ass een sech deemools ewer nit eens ginn, well besonnisch d‘Sëtzfro vun uewe rof well bestëmmt gi wor.


E gemeinsamen Nenner wor ewer de Stauséi, an den Heng (wéi och aner Buergermeeschtere), huet op de Waasserfrang gepocht, dee pro Fudder Drénkwaasser, dat vum SEBES opbereet gouf, de Gemengen zegutt misst kommen. De Stauséi huet nieft senge Virdeeler fir d’Land ewer de Gemengen Aschränkunge bruecht, wéi z.B. de Baustopp an de 60/70er Jore mat Restriktiounen ëm de Waasserschutz.


„Dierfer déi durich de Séi getrennt goufen, missten iwwert eng Bréck och erëm zesumme gefouert ginn. Mer mussen zesummen halen an eis nik vun uewen erof diktéiere loossen,“ sou den Heng.


Schlussendlech koum et dunn ewer zu enger „fräiwëlleger“ Deelfusioun tëschent de Gemengen Harel a Mecher, déi den 1.Januar 1979 a Kraaft getrueden ass, mam Numm: Stauséigemeng. Den Interim-Buergermeeschter wor de Pierre Sassel vu Béiwen, bis dunn den 12. Januar 1979 en neie Schäfferot proposéiert gouf, an den Henri Nanquette éischte Buergermeeschter vun der neier Stauséigemeng ginn ass.


Fir den Heng wor eng Fusioun wichteg, fir eng Liewensqualitéit an eisen Dierfer ze verbesseren, Infrastrukturen ze schafen, e.a. en neit administratiivt Gemengenhaus mam Sport-, a Kulturzenter zu Béiwen, d’Erneierung vu Stroossennetzer, de Bau vun enger Kläranlag zu Harel, e Waasserbehälter zu Eeschpelt, en Terrain kafe fir de Schoulcampus zu Harel asw.


„Wer die Fusion für einen Misserfolg halten sollte, dürfte es schwer haben, dafür den Beweis anzutreten“

Henri Nanquette Eierebuergermeeschter vun der Stauséigemeng


1988 gouf den Heng vum Nico Loes vun Noutem als Buergermeeschter ofgeléist, mee hie blouf ewer Conseiller an der Period 1988- 1993. An der Echeance 1994- 1999 wor den Heng déi éischt 3 Joer Schäffen (01/01/1994 – 31/12/1996) a gouf du vum René Michels op dësem Posten ersat, a war duerno erëm Conseiller 01/01/1997 – 31/12/2005.


Et wor och säi Merite en neie Kierfecht zu Eeschpelt ze bauen, fir deen hien sech ganz besonnesch am Conseil staark gemeet huet. Eng Platz wou hie selwer seng lescht Rou fonnt huet, eng Platz déi Trouscht an Hoffnung gëtt.

Dem Heng senger Fra, de Kanner an der ganzer Famill drécken ech am Numm vun der Stauséigemeng nach emol eist häerzlichst Bäileed aus.


Marco Koeune

Buergermeeschter vun der Stauséigemeng