Grouss Botz 2022 an der Stauséigemeng : eng staark Bedeelegung vun eiser Jugend

De Schnéi huet déi puer honnert Participanten op der Grouss Botz 2022 vun der Stauséigemeng, déi de Samschdeg 9. Abrëll stattfonnt huet, net ofgekillt.

Dës Editioun gouf markéiert duerch déi grouss Bedeelegung vu de jonke Leit aus der Gemeng. E staarkt Symbol, dat d’Bewosstsinn vun der Noutwennegkeet vum Ëmweltschutz bei eiser Jugend ënnersträicht. „Eng Sensibiliséierung, déi scho vu klengem un néideg ass“, wéi de Buergermeeschter René Michels et gäre betount. „Eng Missioun déi duerch dës nei Editioun vun der Grouss Botz erfëllt ginn ass“, nach weider de Buergermeeschter.

Allgemeng, sinn d’Stroossen vun der Gemeng an enger gudder Stëmmung gebotzt ginn.