SCHECKIWWERRECHNUNG AN A.G.VUM I.V. QUARTIER NEIDUERF–ESCH ALZETTE

Generalversammlung wor de 4ten Abrëll 2024 an der Pavillonsschoul am Neiduerf.


Begréisse konnte mir den Här Buergermeeschter Christian WEIS,

de Scheffe Bruno CAVALLEIRO, Gemengeconseilen Dahlia Scholl a Steve FALTZ, den Här MIGN vun der Police Grand-Ducale regionale vum Südweste, Laurent BILTGEN vun Déi Lenk, Brenda HANSEN vum Interesseveräin Bruch so wei Awunner aus dem Neiduerf.


Nom Réckbléck vun den Aktivitéite säit eiser leschter Generalversammlung a Presentatioun vum Keesebericht goufen déi nei Comitésmembere gewielt.

Doleance vum Quartier goufen am Virfeld der Gemeng schrëftlech matgedeelt, so dass den Här Buergermeeschter eis Explikatiounen dorobber konnt ginn.

Haaptpunkte waren den Trafic an der Neiduerfer- a Remelengerstrooss so wei FRANCOFOLIES déi um Gaalgebierg, GRÉNG LONG vun Esch, gemett gëtt.


Médecins du monde war vertrueden duerch den Här Bruno VAN DAMME, dem mir am Numm vun eise Memberen e Scheque vun 3.000.—iwwerreecht hunn.


Den Här MIGN vun der Police Grand-Ducale hutt ob déi verschidde Froe geäntwert.


Et war eng ganz konstruktiv Versammlung, an dono konnten d’Léit nach bei engem gemittleche Patt zesumme poteren.


An der éischter Komiteessëtzung no der Generalversammlung hutt sech de Comité wéi follegt ob gestallt:

Presidentin / Sekretärin : VOLZ Marianne

Vizepresident / Tresorier : WEISSEN Georges

Memberen: ANASTASI Laura, DI GENUA Gaetano,

FEIEREISEN Carlo, MASTRINI Rino,

SPEZZACATENA Luigi, SAGRAMOLA Aldo,

THOMAS Serge, WEBER Monique, WERER Kathy.