D‘Neiduerf (Esch-Uelzecht) huet seng Biergleit net vergiess.

Am Quartier ass et Traditioun de 4ten Dezember de Biergleit ze gedenken.

Mee well d’ësst Joer alles anescht ass, hunn mir de 4ten Dezember eng kleng Zeremonie bei eisem Biergaarbechter Denkmal an der Neiduerferstrooss gemaach, an dat just a  Presenz vun eisem Kommitee.

Des kleng Zeremonie gouf musikalesch begleet vun den Hären Damien a Luigi Ascani vun der Biergaarbechter Musek.

Bei der Geleeënheet hu mir och un déi Leit geduecht déi krank sinn oder u Covid19 gestuerwe sinn.

Bléift alleguerte gesond.