D‘Neiduerf (Esch-Uelzecht) huet seng Biergleit net vergiess.

Am Quartier ass et Traditioun de 4ten Dezember un Biergleit ze denken.

Mee well d’ësst Joer alles ënnescht ass, hunn mir de 4ten Dezember eng kleng Zeremonie bei eisem Biergaarbechter Denkmal an der Neiduerferstrooss gemaach a Presenz vun eisem Komitee, dem Här Dechen Streweler an Vertrieder vum OGBL mat hirem Fändel.

Bei der Geleeënheet hu mir och un déi Leit geduecht déi krank sinn oder u Covid19 gestuerwe sinn.

Bléift alleguerte gesond.