De Zonta Club Esch am Asaz géint Excisioun

Um Weltdag "Null Toleranz géintiwwer weiblecher Genitalverstümmelung / Excisioun", huet de Zonta Esch, de 6. Februar 2024, der Fondation Follereau Luxembourg e Chèque vu 5.000 € iwwerreecht.

Dat war d’Geleeënheet fir iwwer d’Aktivitéite vun der Fondation Follereau ze schwätzen a mat de Membere vun dem Zonta Esch ënner der Presidence vum der Madamm Danièle Lucius ze diskutéieren. Duerch den Asaz vun den Damme konnten en Deel vun de Recettë vun hirer Chrëschtaktioun gesammelt an un de Projet géint Excisioun vu Fraen a jonke Meedercher am Burkina Faso gespent ginn. Och wann Excisioun am Burkina Faso formell duerch ee Gesetz verbueden ass, gëtt et an den Dierfer nach ëmmer vill Communautéiten, déi dës Praxis als néideg gesi fir datt e Meedche ka bestuet ginn. D’Fondation Follereau schafft mat hire lokale Partner souwuel un der Opklärungsaarbecht, datt et zukünfteg net méi gemaach gëtt, wéi un der Ënnerstëtzung vun de Fraen, déi Affer vu weiblecher Genitalverstümmelung gi sinn.