De Zonta Club ënnerstëtzt jonk Frae mat dem YWPA Präis

D’ Laureatin vum Zonta Club Esch fir 2024 ass d'Juliette Emmy Ganschow. Hatt hat d'Éier de "Young Women in Public Affairs Award" iwwerreecht ze kréien, wéinst sengem politeschen a sozialen Engagement an diverse Beräicher, wéi zum Beispill dem Model European Parliament oder dem Global Issues Network Club.

Dëst huet him et erlaabt, verschidde Perspektiven op wichteg Problemer ze kréien an esouguer d'Gléck e klengen Ënnerscheed ze maachen.

Eis Felicitatioune fir dësen aussergewéinlechen Engagement a weiderhin all Guddes fir seng Zukunft.