1monthfree

De Zonta Esch ënnerstëtzt d'Fraen aus dem Haus Marga

Viru kuerzem huet de Zonta Esch dem Comité National de Défense Sociale (CNDS) e ëhèque an Héicht vun 5000 € iwwerreecht. A senger Interventioun huet de Raoul Schaaf, Direkter vum CNDS, am Détail de Fonctionnement an d’Objektiver vum Marga erklärt, e Projet fir deen dësen Don bestëmmt ass. Beim Marga handelt et sech em eng Struktur, déi eng medezinesch a psychosozial Begleedung exklusiv fir drogenofhängeg Fraen ubidd. Et soll de Betraffenen erméiglechen an engem protégéierten Kader, ewech vum Milieu, Wéeer a Méiglechkeeten ze fannen, hiert Liewen nach eng Kéier nei ze organiséieren. Dofir steet och de Numm Marga: Mënschen a respektvoll geschützter Atmosphäre  begleeden. De Raoul Schaaf huet dem Zonta Esch e ganz grousse Merci ausgeschwat fir dee genéiréisen Don, ma och fir déi grouss moralesch Ënnerstëtzung, déi de Zonta Esch de betraffenen Fraen bitt.