Viru vollem Sall am neie Centre St. Martin huet d’Diddelenger Chorale St. Martin viru kuerzem hir 59. Generalversammlung ofgehalen.
E gutt gefëlltend Aarbechtsjoer 2022 gouf duerch en detailléierten Tätegkeetsbericht presentéiert.
146 gesanglech Asätz haten d’Damme vun der Chorale ënner Form vu Requiemen, Hochzäiten, Sonndesmassen a Prouwen ze verzeechnen. Ausserdeem gouf op e grousse Succès vun hirem Concert “Sing and Swing“ am Kulturhaus zu Hunchereng zréckgekuckt. Den Erléis vum Concert goung integral un "Aide au Vietnam" D’Organisatioun war vertrueden duerch hier Präsidentin, d’Mme Minh DOAN, an den Här Steve Wagner, deen duerch eng ausféierlech Präsentatioun eis konnt nobréngen, wou déi Suen absolut sënnvoll géifen agesat ginn.
No 8 Joer Sekretariatsaarbecht iwwerléisst d‘Daisy Gangler-Goy des Missioun dem Edmée Bertemes, dat sech bereet erkläert huet des Aufgab z’iwwerhuelen.
D’Chorale steet och finanziell op séchere Féiss, wat duerch e präzise Finanzbericht vum Margot Gras bestätegt gouf.
D’Monique Biren-Kettel, dat, zesumme mam Simone Schalz-Kirsch, d’Chorale leed, huet de Sängerinnen e Luef an e Merci ausgedréckt fir all hiren Asaz an s‘ encouragéiert fir weider un der Staang ze bleiwen.
Änlech Merciswieder goufe souwuel vum Paschtouer Edmond Ries als Vertrieder vun der Par wéi och vum Jean-Paul Gangler als Vertrieder vum Gemengerot un d’Damme vun der Chorale geriicht.
Dräi Damme krute vum Piusverband eng Medail:
Kim Wagner-Duong fir 5 Joer, Rita Bach-Dellere fir 10 Joer aktive Member, a mat verdéngtem Applaus an engem décke Merci goung d’Plaquette en Or fir 50 Joer aktiv Sängerin un d’Präsidentin Marguy Braquet-Schalz.
Nom offiziellen Deel konnt d’Assemblée den Owend bei engem gemittleche Patt auskléngen.