CSV Diddeleng ënnerstëtzt „Médecins du monde“

Géint e klengen Don konnt een e selwergemachte Limoncello um Stand vun der CSV-Diddeleng am Juli op der Braderie kréien. Zesumme mat engem Zouschoss aus der Sektiounskees konnten 1500 € un dee wichtegen Acteur „MEDECINS DU MONDE“ iwwerreecht ginn.