54.Generalversammlung vun der Chorale St Martin Diddeleng

Den 10. Mäerz 2018 huet d’Chorale St Martin hier 54. Generalversammlung bei vollem Sall ofgehalen.
E gutt gefëllt Aarbechtsjoer 2017 gouf duerch en detailléierten Tätegkeetsbericht presentéiert. Vill geschafft gouf an deem Joer, wann ee weess, dass d’Damme vun der Chorale 165 gesanglech Asätz haten, sief et ënner Form vu Requiemen, Hochzäiten, Prouwen oder de Sonndesmassen.
Zwou gréisser Ännerunge sinn ze verzeechnen an zwar séngt d’Chorale zanter September’17 net méi d’Samsdesowesmass, mee d’Sondesmoiesmass an, well d’Diddelenger Veräinshaus soll ofgerappt a nei gebaut ginn, huet d’Gemeng hier e Proufsall an der Brillerschoul zur Verfügung gestallt.
Ervirgehuewe muss awer och de Jubiläumsconcert fir 80 Joer Chorale ginn, deen de leschten 12. November am Centre culturel „opderschmelz“ e volle Succès war.
An deem Kontext huet d’Simone Schalz-Kirsch, déi zesummen mam Monique Biren-Kettel d’Chorale leed, e grousse Merci un hier Sängerinnen awer och un d’Gemeng ausgedréckt fir déi vill a gutt Zesummenaarbecht.
No dem Virdroe vum Finanzbericht konnt een sech dervun iwwerzeegen, dass d’Chorale och finanziell op séchere Féiss steet.
Nieft der eigentlecher Chorale huet awer och de „Juchor“, e Grupp vun circa 15 jonke Leit, bewisen, dass si iwwert d’Joer ganz dynamesch ënnerwee sinn.
5 Dammen goufen fir hiert laangjäregt Sange mat Medaile vum Piusverband ausgezeechent. Schliisslech kruten e puer Sängerinnen wéinst ganz vill Asätz am ganze Joer nach e klenge Merciskaddo. Dono ass den Owend bei engem Pättchen an engem klenge Maufel gemittlech ausgeklongen.