Generalversammlung von der LPPD Nord Est

Bäi Geleeënheet von hirer Generalversammlung hott d’LPPD Nord Est beim Denkmal fir d’Kréichsaffer zu Dikrich Bloume néiergeloocht. De „Clairon d’honneur“ hott déi wierdeg Gedenkzeremonie verschéinert. Duerno hott een sech zu 32 Memberen am Restaurant „Aal Schwemm“ ronderëm de Mëttesdësch versammelt a bei interessante Gespréicher gouf e gudde Menu zerwéiert.

Uschléissend huet de President Nico Thill déi eigentlech Generalversammlung mat der Begréissung von den Éieregäscht, dem Comité an de Membere von der LPPD Nord Est opgemaach. Mat enger Gedenkminutt gouf on déi Membere gedoocht, déi eis am vergaangene Joer verlooss honn. Den Aktivitéitsrapport hott e Réckbléck op déi verschidde Gedenkfeieren an awer och déi traditionell Aktivitéite vom Joer gemaach. De Finanzbericht vum Keessjee Lucien Renckens hott e klenge Boni ausgewisen, deen domat och von den Kontrolleure fir gutt geheescht gouf. Mat engem Bouquet Bloume krut d’Madame Maisy Ginter-Bonnichaux fir hir 100 Joer gratuléiert. Fir dëst Joer ass virgesinn, dass Lëtzebuerg mat enger Gedenkplack am Lager Bergen-Belsen on eis Affer erënnert. An der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Corniche, wou von do aus een an den Haff vom ale Prisong gesäit, eng Erënnerungsplatz geschaafen. Wann Haffgank war, honn am Kréich d’Familljen von do aus hir Léckt konnte gesinn, déi von de Preisen do agespaart waren.

De Jean Pirsch, Nationalpresident von der LPPD hott a senger Usprooch dem Veräin en decke Merci gesot fir d’Aktivitéiten an ass iewer och op e Punkt agaangen, deen de Moment net esou behandelt gëtt ewéi d’Resistenzler sech dat wënschen.