Am schéine Sall "a Sputz" zu Näidsen haten sech en Dasdigowend, op Invitatioun von der Amicale LPL eng 30 Leit afonnt fir eng Konferenz iwwert d'Verhaftung vom Resistenzler Ignace SCHICKES von Draufelt nozelauschteren. No der Begréissung vom Nico THILL, Sekretär von der Amicale LPL, war et um Nico HAMEN fir mat Biller an Texter ze dokumentéieren, wéi d'Resistenzorganisatioun opgebaut war a wat et fir e schwéiere Schlag géint hiert d'Funktionéieren, déi Verhaftung bedeit hott.
… Elo mol kuerz definéiert ass eng Verhaftung den Ofank von enger Haft duerch d'Ausféierung von engem Haftbefeel. Domat gëtt eng Persoun no där gesicht gëtt festgeholl a fir eng bestëmmten Zäit
an offizieller Haft gehalen. D'Grënn déi zu enger Verhaftung féiere, konne ganz verschidde sënn an et kann och ganz séier zu enger Verhaftung kommen, ma et kann iewer och eng länger Virgeschicht dermat verbonne sënn.
Wann ech mech hei mat der Verhaftung vom Ignace SCHICKES beschäftege muss ech e bësse méi weit aushuelen, well et sech ëm eng willkürlech Verhaftung duerch den Naziokkupant aus dem Joer 1942 handelt. Hie war e ganz aktive Resistenzler a Member am Grupp RODESCH, LESCH, SCHMIT, KNEIP, FELLENS, ... der LPL vom Alphonse RODESCH, ma hien hat och den Resistenzler Raymond PETIT bei sech doheem verstoppt an hott och fir dee geschafft.
Zum Enn von den 30iger Joeren hott sech déi Säit der Our eppes gedunn, wat vill Lëtzebuerger Kappzerbreeches gemaach hott. Am Mee 1939 honn d’Leckt an den Dierfer nach mat der leschter Grimmel Hoffnung op eng friddlech Welt e Fräiheetsbom fir eis honnertjäreg Onofhängegkeet geplanzt, ma et sollt nët méi fir laang Zäit sënn.
Den 10 Mee 1940, moies um 4.35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d'Belsch on. Géint der Owend ass ganz Lëtzebuerg besat an de facto annektéiert. ....
No dem Virtrag hott de Buergermeeschter von der Gemeng Parc Housen der Amicale Merci gesot fir deen interessanten Owend a fir den Asaz fir d'Erhale von der Erënnerungskultur on eis Geschicht aus dem zweete Weltkréich.