1monthfree

Präisiwwerreechung un d’élèves méritants vum Lycée Josy Barthel Mamer

En Donneschdeg, 25. Juni 2015, huet d’Präisiwwerreechung un d’élèves méritants vum Lycée Josy Barthel zu Mamer stattfonnt. No enger Usprooch vum Direkter Claude Christnach sinn d’Zertifikater an d’Präisser un déi Schüler ausgedeelt ginn, déi am Laf vum Schouljoer opgefall waren duerch exzellent schoulesch Leeschtungen oder ee besonnescht Engagement fir d’Schoulgemeinschaft. Tëscht de musikaleschen Optrëtter vun der LJBM-Chorale an hierem Orchester ënner der Leedung vun den Enseignanten Nadine Becker a Maurizio Di Stasi sinn och nach d’Zertifikater un d’BTS-Schüler souwéi d’Präisser un d’Gewënner vum Lies-Concours am Kader vum projet d’établissement « Look Who’s Reading! » ausgedeelt ginn. No der Zeremonie huet d’Direktioun op ee Gedrénks agelueden.