LJBM-Schüler besiche KZ Natzweiler-Struthof

Ronn 120 Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hu sech mat hire Proffen op eng beweegend Rees an d’Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof gemaach. Dës Plaz, déi mat esou vill Leed verbonnen ass, huet hinnen all d’Méiglechkeet ginn, iwwer déi schrecklech Vergaangenheet nozedenken a sech e Bild vun deene Mënschen ze maachen, déi am meeschten ënner dem Nationalsozialismus hu misse leiden. D’Schüler hunn erkannt, wéi wichteg et als Gesellschaft ass, d’Erënnerungen un déi däischter Zäit waakreg ze halen, fir weiderhin doraus léieren ze kënnen.
Loosst eis gemeinsam dofir suergen, datt Toleranz, Inklusivitéit a Villfältegkeet och an Zukunft wichteg Wäerter vun eiser Gesellschaft bleiwe wäerten.