LJBM-Schüler tëschent Wattwierm, Austerefëscher a Sanddorn

Déi naturwëssenschaftlech Klassen 2CC, 3CC a 4G3S aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hate wärend hirem Stage écologique eng onvergiesslech Woch op der Nordseeinsel Borkum! Borkum, bekannt fir hir eenzegaarteg Ekosystemer wéi Salzwisen, Dünen an d’UNESCO- Weltnaturierfschaft Wattemier, huet eise Schüler d’Geleeënheet gebueden, d’Biodiversitéit an ekologesch Prozesser hautno z’erfuerschen.

Um Terrain hu si Donnéeën zu Flora a Fauna gesammelt, seele Villerchersaarten observéiert an Upassunge vun den Organismen un déi extrem Liewensbedingunge vun der Küsteregioun analyséiert. Am Labo goufe Prouwen ënnersicht, fir déi chemesch a physikalesch Eegenschafte vun dem Liewensraum kennen ze léieren.

Dës Erfarungen hunn de Schüler hiert Verständnis fir d’Natur verdéift. Zesumme mat den ugebuedenen Fräizäitaktivitéite wäerten eis Schüler sécher schéin Erënnerungen u Borkum behalen.