D'Animatricen an d'Animateuren aus dem P3A zu Bartreng haten, fir den Hiescht anzelauden, en flott Äppelfest organiséiert. Zesummen mat den Bewunner hun se Dëschdeko gebastelt, Viz gekeltert, Äppelkuchen an Äppeltarten gebak. Nomëttes hat d'Amicale fir den musikaleschen Encadrement gesuergt. Sie haten den Nico Walisch mat sengem Akkordéon engagéiert. Hin huet jidderengem säin Wonsch gespillt a gesongen. Géint halwer 4, hun du d'Animatricen an d'Animateuren hir Kuchen an Tarten zum Beschten gin. Et war e ganz gelongenen a flotten Nomëtteg, wou d'Bewunner a mir all, eis schéin entspanen an ameséieren konnten.