1monthfree

Fuesparty am Flegeheem zu Bartreng

Fuesméindeg haten d'Animatricen/teuren aus dem Flegeheem vu Bartreng eng flott Fuesparty organiséiert. D'Amicale hat den Jeannot Büchler als "Entertainer" engagéiert a mat him as gesong a gedanzt gin. Ganz frouh waren mer och ewéi déi 2 Clownen d'Babette an d'Jeannette opgedaucht sin, si machen de Leit ëmmer enorm vill Spass a lossen se den Alldag vergiessen.

D'Kichen hat eis Fueskichelcher préparéiert déi mer eis gudd schmachen gelos hun.

E flotten a lëschtegen Nomëtteg huet géint der Owend (leider) säin Enn fond.