1monthfree

100 Joerfeier Madame Marie – Thérèse WAGNER - WIEGAND am P3A zu Bartreng

Viru kuerzem huet Madame Marie-Thérèse Wagner- Wiegand am Krees vun hirer Famill a Frënn hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. Gebuertsdagskand gouf de 15. Februar 1925 zu Diddeleng gebuer. Si wor dat zweet Kand vu 5 Meedercher, vun der Koppel Madeleine a Michel Wiegand- Hemmerling. Si as grouss ginn zu Diddeleng, wou si Primär- an Haushaltungsschoule besicht huet an de Beruff als Néiesch geléiert huet.

Mam Pierre Wagner, och vun Diddeleng, gouf si de 15. November 1946 zu Diddeleng bestuet a si kruten dräi Kanner: Niki, Albertine a Mady. Haut kann si stolz sinn op hir 6 Enkelen, 11 Urenkelen an eng Ururenkelin

Zum Éierendag hunn de Familljeminister Max Hahn, Buergermeeschtesch Monique Smit-Thijs, de Präsident vum Verwaltungsrot vun der Maison de Soins Les Parcs du Troisième Âge, Paul Geimer, Direktesch Chantal Müller- Koenig a Vertrieder vun der Amicale hir gratuléiert. De Minister huet am Numm vum Groussherzog an der Regierung hir den „ Ordre de Merite“ iwwerreecht. Bei engem gudde Patt an engem Stéck Kuch assduerno gefeiert ginn.

Foto an Text vum Romaine Caas