E Buch iwwert d’Éimaischen – immaterielt Kulturiewen

Am Kader vun den Journées Européennes du Patrimoine 2023 déi dëst Joer dem „living heritage“ reservéiert sin, publizéiert de Comité Alstad e Buch mam Titel " Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“.


D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als „immateriellt Kulturierwen“ Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschier an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.


Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären „liewegt Kulturierwen“ genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollech unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Doduercher gëtt d’Villfältegkeet an der Kultur geuecht an d’Schafensfreed vun de Mënsche gefuerdert a gefërdert. D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.


Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.

D’Éimaischen ass a bleift virun allem en Aulebäckermaart mat senge villen Zorte Péckvillercher an allerlee ierdenen Dëppen, Päifen, Geschir a Spillsaache fir déi Kleng. Hei gi sech zënter Joerhonnerten d’Lëtzebuerger an hir auslännesch Gäscht zu Dausende Rendez-vous an enger eemoleger Festdagsstëmmung.

Den Ursprong vun dësem joerhonnertenalen Handwierkermaart, dee sech am Laf vun der Zäit zu enger Kiermes ronderëm de Fëschmaart entwéckelt huet, läit ëm d’14. Joerhonnert.


Op Ouschterméindeg sinn déi Nouspelter Aulebäcker op de Fëschmaart hir Wuere verkafe komm. Zu Nouspelt gëtt schonn zënter Joerhonnerten Aulegeschir gebrannt aus Nouspelter Toun, wéi an engem Dokument aus dem Joer 1458 ze liesen ass. Ënnert dem Nouspelter Aulegeschir bilden den Haaptbestanddeel, oder op d‘mannst dee kaméidiméisseg stäerksten an dofir charakteristeschsten, d’Péckvillercher, op déi sech nach haut Grouss a Kleng freeën. Donieft gouf et "Spriddelcher" (Waasser-Péckvillercher) an "Léinefässercher" oder "Weirachen".


D'Buch, gouf verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, deen et am A5-Format vun 134 Säiten éditéiert. Dës räich illustréiert Publikatioun beschäftegt sech mat den Themen „Etymologie und Ursprung der Éimaischen - Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ - Das Töpferhandwerk - Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk - Stadtluxemburger Krüger und Töpfer - die „Péckvillercher“ und die „Stater Éimaischen“ - Neubelebung der „Éimaischen“ im XIX. Jahrhundert - zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts Jean Peters und Léon Nosbusch - der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.


Et gëtt offiziell présentéiert den 30. September 2023 am Kader vum „Dag vum Immaterielle Kulturierwen“ an der Abtei Neimënster an der Stad statt.


D'Buch "Die Éimaischen - immaterielles Kulturerbe" gëtt vum 1. September 2023 fir 15,- Euro an de Bicherbutteker verkaf oder kann am Viraus vum Comité Alstad asbl iwwer Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 zum Präis vun 20.- € ( Porto abegraff ) bestallt gin mam Vermierk „Buch Éimaischen“.