Um Enn vum Schouljoer 2024 hu sech d'Kanner, d'Léierpersonal an d'Maison Relais am Kader vun hirem Schoulfest engagéiert, Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. D'Schoulkanner aus der Gemeng Viichten hu sech Sponsere gesicht, déi si bei enger flotter Lafaktioun um Schoulsite ënnerstëtzt hunn. Fir all gelafe Ronn si weider Euroen an dat grousst Dëppe komm, an um Enn vum Dag ware 6000 € gesammelt. Duerch de Verkaf vu Kuch vun de Kanner aus dem Cycle 4 si weider 300€ zesumme komm, sou dass mir kuerz viru Chrëschtdag 2 Schecke konnten iwwerginn: 3300 € u Rahna asbl. an 3000€ un d'Amicale vum CDI Warken. Merci un all Viichter Kanner an Elteren, déi gehollef hunn, dëse stolze Montant ze sammelen.