Réiden/Atert: „Lafen a Walken“ fir de gudden Zweck, ass di Mega- Veranstaltung, déi den dynamischen Veräin “Réidener Wanterlaf“ säit hirer Grënnung am Joer 2007 all Joers op en neis Ugangs Januar zu Réiden/Atert, organiséiert. Di Responsabel vum Réidener Veräin hun sëch vun Ufank un virgeholl, fir een Deel vum Erléis vun desem Event an och verschiddenen Aktivitéiten vum Joer, e gudd Wierk ze ënnersëtzen. Viru kuurzem war et nees esou wäit, wou de President Fernand Thill mat sengem Virstand di grouss Freed hat, fir am Kader vun enger Scheckiwerreechung, eng Spend vun 1 500 Euro können ze iwerreechen. No senge Wierder vu merci un de Komitee, der Gemeng, alle Benevolen an dem ALR Réiden huet de President drop higewissen, dat zënter der Grënnung vum „Réidener Wanterlaaf“ di stolz Zommen vun ëmmerhin 230.000 Euro fir gut Wierker konnten weider gereecht gin. No sengem oprichtigem Merci fir de schéine Geste, huet den Direkter vun der Lafsektion „Special Olympics Luxembourg“, Luc Klonski, dese Scheck gären entgéint geholl an d’Vereenegung „Special Olympics Luxembourg“ kuurz virgestallt, den als Lëtzebuerger Verband, vun der weltweit gréisster Sportbewegung fir Mënschen mat geeschtiger Beeienträgtigung an Mehrfachbeieinträgtigung, mam Ziel di sportlich Förderung vun deser Persounegrupp an d’Sensibiliséierung an der Gesellschaft ze förderen. Ausserdem betreit de Verband di national Athletinnen an Athleten bei denen verschiddenen Special Olympics Wettbewerben fir all zousätzlich Käschten hëllefen ze finanzéieren. Beim Schlusswuert huet de Schëffen Jeff Lisarelli am Numm vun der Réidener Gemeng, de Komitee vum Réidener Wanterlaf besonnesch gelueft fir hir alljährlich Spenden fir gudd Zwecker awer och op di perfekt Organisatioun vun der Mega- Organisatioun zu Réiden higewissen. Di nächst Editioun vum Réidener Wanterlaf ass schon vir den 5. Januar 2025 zu Réiden virprogramméiert. (CR) (Foto: Charles Reiser)