Konveniat vun de fréieren Schülerinnen aus der Regionalschoul vu Réiden/Atert


Réiden/Atert: Wéi bei hirem läschtem Konveniat am Oktober 2023 versprach, hun sech di fréier Schülerinnen vun 1975 bis 1977 aus der Regionalschoul vu Réiden/Atert viru kuurzem op en neis am Restaurant Trotterbatti zu Ierpelding getraf. Fir desen 3. Konveniat ze organiséieren, haaten d’Félicie Schartz- Wolter an d’Léa Busto- Wingert, di fréier Schoulkomerodinnen och häerzlich agelueden. Wärend dem gemeinsamen Mëttegiessen gouf d’Geleeënheet och genotzt fir schéin Erënnerungen aus der onvergiesslicher Jugend a- Schoulzäit auszetauschen. An enger Gedenkminute ass och un di verstuerwen Léierin Ketty Elsen an d’Schülerin Ursula Koenig geduecht gin. No e puer angenehme Stonnen, wou och vill gelaacht a gegeckst gin ass, war jidderreen averstan esou engt Treffen ëm diselwecht Zäit am Joer 2025 erëm ze widderhuelen. (CR (Foto: Charles Reiser)