Grousbuss: Och dest Joer hun d’Pompjeeën vu Groussbuss a Préizerdaul nees drop gehaalen, fir hir Schutzpatreinisch- di hëlleg Barbara- ze feieren. D’Mass an der festlich gerëschter Kierch zu Groussbuss gouf zelebréiert vum Pater Jean-Jacques Flammang a gesanglich verschéinert vum lokalen Kierchechouer ënnert der Leedung vum Fos Schuster mam Organist Jos. Helbach. A senger Predigt huet de Pater Flammang, de Pompjeeën villmols Merci gesoot fir hiren dagdeeglichen Asaatz am Dingst vum Nächsten an dat di helleg Barbara si och an all Situatioun bëschtens soll beschützen.
D’Fürbitten, wou och un Pompjeeën geduecht gin ass, huet d’Maria Schuster virgelies. (CR) (Foto: Charles Reiser)