Réiden/Atert :Am Kader vun enger flotter Feier zu där d‘Kultur- a Sportskommissioun vun der Gemeng Réiden viru kuerzem agelueden hat, si verschidde Matbierger fir besonnesch Leeschtunge geéiert ginn.
No der Begréissung a Wierder vu Wëllkomm, ass d’Presidentin vun der Kulturkommissioun a Gemengevertriederin Monique Kuffer op de Sënn an Zweck vun dëser Feier agaangen an huet alle Laureate fir hiren Erfolleg a besonneschem Effort och ganz häerzlech gratuléiert. Mat engem Akafsbong goufe follgend Schüler aus der Réidener Musiksschoul belount: Gillard Cathy, Harpes Lisa, Haskaj Ariana, Herbiet Raphaël, Kirtz Luka,Massinon Kevin, Picard Elisa, Reuter Nadine a Roulling Andjiane.
Vun der Nojemer Musik: Tandel Josephine,Tandel Guillaume, Ernst Anna, Wantz Lexy an Schleich- Schneider Nancy.
Vun der Réidener Musik: Pauly Lucien.
Vun der Chorale Réiden: Nehrenhausen- Wiltzius Nadine a Larosch Triny.
Duerno war et um Alain Thein als President vun der Sportskommissioun, dee follgend Sportler geéiert huet:
Swimming Club Réiden: Schmidt Kyra.
Cycling Team Atertdaul: Wenzel Liv, Wenzel Mats, Seil Léon.
HC Atert Réiden Dammen (Opstig an d'Axa League: Cammaert Pauline, Casenave Julie, Dandoy Céline, Dubrovina Karina, Floener Géraldine, Gomes Jessica, JacobySvenja, Kaci Lily, Kasibovic Fatima, Meyer Mélissa, Meyer Lindsay, Meyers Sandy, Nilles Tatjana, Noel,Lise, Nogueira Laura, Ongono Marthe, Pepin Monique, Reuter Mara, Richter Chayenne, Richter
Candice, Seiter Michèle mam Coach Rakovsky Benjamin.
Fir de musikaleschen Encadrement huet de Saxofonensembel vun der Réidener Museksschoul ënnert der Direktioun vum Pascale Neu, gesuergt. Bei engem Patt an engem gudde Maufel huet dës Feier hire würdegen Ofschloss fonnt.
(CR) (Foto: Charles Reiser)