E schéine Geste vum Gaard an Heem Réiden/Atert- 6000 Euro iwergin


6 000 Euro Schecken un Trisomie 21 an Trauerwee iwergin

Réiden/Atert: De Gaart an Heem Réiden/Atert hat am November op hiren traditionnelen Hierkenowend an den Hal Polyvalent invitéiert, den och musikalisch begleet, vum Duo Wa Ta Touille e ganz groussen Erfolleg kannt huet. No senge Wierder vu Wëllkomm a Merci vum President Raymond Schlim koum et dunn zesummen mam Virstand, zu enger duebeler Scheckiwerreechung, déi den Erléis vum Verkaaf vun Eisekuchen iwert dat ganzt Joer duerstellt. Mat oprichtigen Merci konnt Madame Martine Eischen, Presidentin vun der Vereenegung „Trisomie 21“ e Scheck vun 3 000 Euro entgéint huelen. E weidere Scheck vun 3 000 Euro huet den Max Zuccoli, Sekretär vun der Vereenegung „Trauerwee“ mat Freed an Empfang geholl. Duerno hu béid Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegung ouni Gewënnzweck och kuurz virgestallt an matgedeelt wéi dess Spenden och wirkungsvoll agesaat gin. (Foto: Charles Reiser)