D'Mariechen an de Roby Lucas- Karger hun hir gëllen Hochzäit gefeiert

Am Krees vun hirer Famill konnten d'Mariechen an de Roby Lucas- Karger vu Réiden deser Deeg hir gëllen Hochzäit feieren. Si sin den 24.Februar 1962 zu Jonglënster bestued gin an hun dunn zu Guedber gewunnt. Duerno sin si am Joer 1969 op Réiden/ Atert geplënnert. Zwee Meedercher an e Jong sin aus hirem Bestiednis ervirgaangen. Haut zielt d'Famill Lucas sechs Enkelkanner. Gefeiert gouf am Restaurant Pallerstuff zu Nidderpallen wou och bei deser Geléenheet e Scheck iwert 1 250 Euro un d'Fondatioun Air Rescue", déi duerch d'Madame Josée Kridel- Heinen vertruede war, iwerreecht konnt gin.
Méi heivunner ass demnächst am L. Wort ze liesen. ( FOTOS: CHAREL REISER)